Op den Inhalt sprangen

Peripheren Nervesystem

Vu Wikipedia
Den Nervesystem am mënschleche Kierper: giel den zentralen Nervesystem a blo de peripheren Nervesystem.

De peripheren Nervesystem (kuerz: PNS) ass den Deel vum Nervesystem, deen net zum Gehier an dem Réckemuerch, ALSO dem zentralen Nervesystem (ZNS), gehéiert. E läit baussent dem Schiedel an dem Wierbelkanal.

De PNS besteet aus Nerven a Ganglien. Seng Haaptfunktioun ass et, den zentralen Nervesystem mat de Glidder an den Organer ze verbannen, woubäi en am Weesentlechen als Relais tëscht dem Gehier an dem Réckemuerch an dem Rescht vum Kierper déngt. Am Géigesaz zum ZNS ass de PNS net duerch d'Wierbelsail oder de Schiedel geschützt.

Zesumme mam ZNS spillt de peripheren Nervesystem eng wichteg Roll am Behuelen. Den ZNS an de PNS sinn topographesch ofgegrenzt, mee funktionell gesi si si keng eegestänneg Systemer.[1]

De peripheren Nervesystem léisst sech weider ënnerdeelen an de somateschen Nervesystem (willkürlechen Nervesystem) an an de vegetativen Nervesystem (och nach autonomen oder viszeralen Nervesystem genannt). De somateschen Nervesystem ass den Deel, deen d'Motorik vun der Skelettmuskulatur an domat déi willkürlech a reflektoresch Kierperaktioune steiert, dat heescht déi verschidde Muskele an de sensoreschen Input op Reizer vu bausse steiert. De vegetativen Nervesystem ass den Deel vum Nervesystem, deen der willkürlecher Kontroll entzunn ass, dat heescht de sech "autonom" verhält.

Et ënnerdeelt een de vegetativen Nervesystem an dräi Komponenten: de sympatheschen Nervesystem (Sympathikus), de parasympatheschen Nervesystem (Parasympathikus), den entereschen Nervesystem.

Commons: Peripheren Nervesystem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. DocCheck Flexikon: Peripheres Nervensystem