Op den Inhalt sprangen

MediaWiki

Vu Wikipedia
Den aktuelle MediaWiki-Logo.
Den ale MediaWiki-Logo, dee bis den 1. Abrëll 2021 a Gebrauch war.

MediaWiki ass eng fräi Software fir de Contenu vu Wikien ze geréieren, déi vum Magnus Manske fir d'Wikipedia entwéckelt gouf. D'Software ass a PHP geschriwwen a koum de 25. Januar 2002 fir déi éischte Kéier an den Asaz. De 25. Januar gëtt dohier och als „Dag vum Magnus Manske“ bezeechent.

D'Software gëtt och nach vun anere Projete benotzt, dorënner Wikimedia Commons, Wikidata, Wikisource, Wikiquote, Wiktionnaire, Wikibooks, Wikivoyage an nach vill méi.

Déi aktuell MediaWiki-Versioun ass d'MediaWiki 1.42.[1]

Commons: MediaWiki – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Stand 2. September 2024.