Op den Inhalt sprangen

Klitoris

Vu Wikipedia
D'Versioun fir erauszedrécke gëtt net méi ënnerstëtzt a ka Feeler an der Duerstellung hunn. Aktualiséiert wgl. d'Lieszeechen an Ärem Browser a benotzt d'Standard Funktioun fir ze drécken an Ärem Browser.
D'Klitoris

D'Klitoris (clitoris), och Gäipmännche genannt, ass en Organ vun der Fra a vun allen anere Mamendéieren, dat zu de baussenzege weibleche Geschlechtsorganer gehéiert.

Anatomie

D'Klitoris besteet aus zwou Schwëllkierpercuissen, dem crus clitoridis dextrum an op där aner Säit dem crus clitoridis sinistrum, déi op béide Säite vum ënneschte Schimmtschankenaascht opsëtzen, a sech vereenege fir de 25 bis 30 mm laange Klitorisstill, de corpus clitoridis, ze bilden. Dee Still ass zum gréissten Deel vun der Klitorisvirhaut, dem praeputium clitoridis, zougedeckt. D'Enn dovun ass eng Këppchen, déi ënner der Virhaut fräi läit, d'Klitoriseechel, de glans clitoridis.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Klitoris – Biller, Videoen oder Audiodateien