Op den Inhalt sprangen

Klitoris

Vu Wikipedia
Versioun vum 12:22, 18. Nov. 2008 vum Cornischong (Diskussioun | Kontributiounen) (en Ulaf).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

De Gäipmännchen ass en Organ vun der Fra a vun allen anere Mamendéieren, dat zu de baussenzege weibleche Geschlechtsorgane gehéiert.

Anatomie

De Gäipmännche besteet aus zwou Schwëllkierpercuissen, dem crus clitoridis dextrum an op där aner Säit dem crus clitoridis sinistrum, déi op béide Säite vum ënneschte Schimmtbeenaascht opsëtzen, a sech vereengen fir den 25 bis 30 mm laange Gäipemännchestill, den corpus clitoridis, ze bilden. Dee Still ass zum gréissten Deel vun der Gäipemännchensvirhaut, dem praeputium clitoridis, zougedeckt. D'Enn dovun ass eng Knippchen, déi ënner der Virhaut fräi läit d'Gäipemänncheseechel, de glans clitoridis.